D'Bommeleeër lauschtere jo bekanntlech nëmme gutt Musik
(well déi einfach besser ass!)
😜🤣😆
Den Eurovision Song Contest (ESC) ass bei eis doheem dofir all Joer ee groussen Happening...
😄🍻📺🍾🍿🎶🍹🍬
Fir virdru scho mol an déi richteg ESC Stëmmung ze kommen, organiséiere mir dëst Event. Mir freeën eis drop ze héieren, ween da beim ESC är Favoritte sinn! 😉
Wien mam ESC guer näischt um Hutt huet, ass natierlech trotzdeem wëllkomm. Dann fachsimpele mir einfach wéi ëmmer iwwer Geocaching... 😄👍🏻
Also mir freeën eis, iech all den 11. Mee zu Biissen bei "gudder" Musik ze gesinn! 😄🎶
PS: fir d'Mini-Geocacher ass eng Spillplaz direkt niewendrun 😉