Mat de Favorittpunken huet Groundspeak ee gutt optesch Signal fir gutt Cache gesat.
Mir selwer freeën eis iwwer al Favorittpunkt déi mir fir ons Cachen kréien a versichen ons Cachen soeu ze gestalten, dass all Cacher freet a Spaass huet.
Mat dem heiter Challenge sollen och aner Cacher ugereegt ginn richteg gutt Cachen ze leeën.
Den Challenge-Cache läit ob den Koordinaten awer eiers du den Cache loggen duerfs, musst du minimum 5 aktive Cachen zu Lëtzebuerg mat enger vun deenen zwee Konditionen geloggt hunn oder Besëtzer sinn:
- de Cache muss minimum 30 Favoritenpunkten an eng Favorittenquote vu minimum 55% hunn.
oder
- de Cache muss minimum 100 Favoritenpunkten hunn
Beim Online-Log w.e.g di entspriechend Cache Nimm mat den Favoritenpunkten a Prozent uginn.
Mir als Owner mussen zum Zäitpunkt vun der Verëffentlechung Konditioun och erfëllen:
- Alice in Wonderland – NC (GC3HVH5) 86 Favoritenpunkte an 76%
- Una panchina, un uomo, un pensiero alla vita (GC42BZ7) 39 Favoritenpunkte an 67% (owner)
- Meng Schoul GC48532 31 Favoritenpunkte an 56%
- Hölle GC25Y1X 145 Favoritenpunkte
- Räuberhöhle GCMR02 141 Favoritenpunkte
Idee vun der heiten Challenge staamt aus dem Saarland vum Spielmobiler mat senger
Die Saarland Crème de la Crème Challenge.
Opgrond enger Regeländerung hunn ech net duerfen Challenge 1 zu 1 kopéieren.
Français English Deutsch
Hei de Logo-Code fir deng Cache H-Page opzewäerten
Do not force or break the cache