Bei den jeweilegen Koordinaten
déi der bei den WPen fant, geet eng weiss Reflektorstreck
un. Gesidd dir een weissen Reflektor, dann bleiwt op desem Wee.
Gesidd dir 2 weiss Reflektoren, dann musst dir den Wee verloossen
op deem dir grad trëppelt. Gesidd dir en rouden Reflektor,
dann must dir oppassen an gudd ronderem iech kucken. Fannt dir 2
roud Reflektoren, dann séier dohin, well do wart déi
nächst Info op iech. Dat kënnen just déi
nächst Koordinaten oder awer och en klengt Rätsel sin.
Well d'Thema Superjhemp as, muss dir iech an dësem Thema gudd
auskennen, soss kéint et schwiereg gin. Dann fannt dir bei
all WP een oder 2 Buchstawen mat enger Zuel. Déi as
superwichteg fir den Final ze fannen.
Den Wee selwer verleeft
ëmmer op Trëppelweer (an där gin et immens vill hei
ronderem), déi just fir d'WPen selwer ze verloossen sin.
Wann dir se trotzdem wëllt verloossen, zwecks Ofkierzung, dann
macht dir dat op eegen Gefor, mee opgepasst: bei sou Aktiounen kann
een hei déif eroffaalen.
Vill Spaass
PS: for all those who
don't speak luxemburgish, please join a luxemburgish team or try to
find somebody who speaks the language and goes with you. I'm sorry,
but it is impossible to translate Superjhemp.