Doorway Pfarrkirche St. Martin - Wasserbillig, Luxembourg
Posted by: Groundspeak Regular Member kaschper69
N 49° 42.873 E 006° 30.083
32U E 319882 N 5509890
Kath. Pfarrkirche St. Martin in Wasserbillig, Luxembourg.
Waymark Code: WMZJN4
Location: Luxembourg
Date Posted: 11/20/2018
Published By:Groundspeak Regular Member Janila
Views: 2

[LB] "D'Kierch zu Waasserbëlleg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mäertert, zum Parverband Maacher, Mäertert, Widdebierg, Wormer, zu der Pastoralregioun Osten, zum Dekanat Gréiwemaacher an zu der Gemeng Mäertert gehéiert. Responsabel ass e Pastoralteam ënner der Leedung vum Deche vu Gréiwemaacher, dem Claude Bache.
D'Kierch ass dem hellege Mäerten geweit. Zweete Patréiner ass den hellegen Niklos. D'Kiermes ass deen éischte Sonndeg nom 11. November, dem Namensdag vum hellege Mäerten.
Se steet op der Kräizung vun der Grand-Rue, der N1, an der route d'Echternach, der N10.
D'Kierch ass am barocke Stil gebaut. Vum 12.Joerhonnert bis 1871 war se gläichzäiteg Parkierch vu Waasserbëlleg an Oberbillig. Manternach war bis 1685 a Lelleg bis 1844 och Filiale vun der Par Waasserbëlleg.

Déi éischt Kierch vu Waasserbëlleg stoung op der "Spatz", wou d'Sauer an d'Musel leeft. Bis 1796 war d'Abtei Sankt-Maximäin vun Tréier Kierchenhär a Grondbesëtzer vu Lännereien. Duerch den net optimale geographesche Standuert war déi al Kierch duerch regelméisseg Iwwerschwemmungen an engem schlechten Zoustand, sou datt 1792 beschloss gouf eng nei Kierch op der haiteger Plaz ze bauen. Allerdéngs sollt et nëmme beim Réibau bleiwen. No der franséischer Annexioun vu Lëtzebuerg 1795, ass dat Joer drop all Eegentum vum Klouschter vun de Fransouse confisquéiert an duerno versteet ginn. Den deemolege Buergermeeschter vu Waasserbëlleg (1797 bis 1807), de Valère de Seyl, huet 1798 déi nei Kierch, déi nach net fäerdeg war, a sengem eegenen Numm gesteet an huet de Bierger erlaabt weider drun ze bauen.
1808 goufen déi éischt Massen dra gehalen. Dëse Joergang steet iwwer dem Haaptportal. 1810 huet de Bierger Seyl déi nei Kierch géint déi al Kierch mam Kierfecht op der „Spatz“, déi am Besëtz vun der Gemeng war, getosch. Dat verfale Gebai gouf ofgerappt, aus dem Grondstéck gouf Bauterrain gemaach a verkaaft.
Den Héichaltor an déi zwéi Säitenaltär goufen 1834 dem Kapuzinerklouschter vu Bernkastel ofkaaft, a si mat dem Schëff iwwer d'Musel op Waasserbëlleg transportéiert ginn. 1877 huet den deemolege Paschtouer Nic. Courth en Harmonium geschenkt.
Bei der Renovéierung vum Duerfzentrum 1930 gouf de Kierfecht, dee bis dohin nieft der Kierch war, baussent d'Uertschaft verluecht. Bei dëser Geleeënheet gouf och 1933 an 1934 un der Kierch selwer geschafft: déi zwéi grouss Tierm an d'Sakristei goufen ugebaut a bannendra sinn d'Arkade mam Querschëff opgeriicht ginn.
D'Niklosklack vun 1771 an d'Martinusklack vun 1844, déi bis dohin an dem klengen Tuerm iwwer dem Haaptportal houngen, sinn 1934 an deen neie Westtuerm opgehaange ginn."

[EN] "The church in Wasserbillig is a catholic church that belongs to the parish of Mertern, the Parverband Maacher, Mertert, Widdebierg, Wormer, the Pastoral Region of the East, the Dekanat Grevenmacher and the Merttertrange Municipalities, a pastoral team under the leadership of Deck of Grevenmacher, Claude Bache.
The church is dedicated to the Holy Day. Second Patriot is the saint Niklos. The fair is the first Sunday of November 11, the date of the holy mornings.
It stands at the junction of the Grand Rue, the N1, on the route d'Echternach, the N10.
The church is built in the baroque style. From the 12th centuries until 1871, she was a member of the parish church of Wasserbillig and Oberbillig. Manternach was until 1685 in Lelleg until 1844, also branch of Par Wasserbillig.

The first church of Wasserbillig was on the "Sparrow", where the Sauer and the Moselle. Until 1796, the Abbey of St. Maximus of Trier church was the landowner of landowners. Due to the optimal geographic location, this church was replaced by regular floods in a bad state, so that in 1792 it decided to build a new church on its own site. However, it should only be for the sake of farming. Following the French annexation of Luxembourg in 1795, the year was closed and all the property of the monastery was confiscated and subsequently understood. The then mayor of Wasserbillig (1797 to 1807), the Valère de Seyl, in 1798 built the new church, which was not completed in its own name, and has helped the citizens continue to build.
In 1808, the first masses were held. This giants are the main portal. In 1810, the citizens sealed the new Church against the old church with the cemetery at the "Sparrow", which was owned by the municipality. The decline building was demolished, the build-up was built and sold.
The tower and the two sides were bought in 1834 by the Kapuzinerkloster of Bernkastel, and they were transported by ship to the Moselle river in Wasserbillig. In 1877, the then pastor Nic. Courth en Harmonium.
At the renovation of the village center in 1930, the cemetery, which was then built outside the church, was abandoned outside the area. At this occasion, in 1933 and 1934, the church itself was created: the two towers and the sacristy were grown and inside the Arkade with the shields were set up.
The nickel-clad of 1771 and the Martinusclack of 1844, which hitherto hit the small tower in the main portal, were shuffled into the new west tower in 1934."

(visit link)
Type of material of the door: Wood

Functional door?: Yes

Location of this door/way: On public property

Is it accessable only by paid admission": No

Style: Other

Address or physical location:
Grand rue Luxembourg


Visit Instructions:
  • At least one photo is required.
  • A VISITED only remark, will be deleted.
  • Search for...
    Geocaching.com Google Map
    Google Maps
    MapQuest
    Bing Maps
    Nearest Waymarks
    Nearest Doorways of the World
    Nearest Geocaches
    Create a scavenger hunt using this waymark as the center point
    Recent Visits/Logs:
    Date Logged Log User Rating  
    kaschper69 visited Doorway Pfarrkirche St. Martin - Wasserbillig, Luxembourg 11/20/2018 kaschper69 visited it