Fir déi Leit déi elo keng Loscht hu mat erazegoe ass d'Logbuch vu 9:00 bis 9:30 op de Koordinaten disponibel (roude Mazda CX-30 - CZ 9024) - Schreift dat w.e.g an ärem "Will attend" mat dra (Sauna Jo/Nee).
Fir all déi aner ass hei de ongeféiere Oflaf:
Et get lass um 9:30hrs an et gëllt d'Logbuch, ee Waasserbidong mam Logo vu Geocaching an mat Bic a dem Logbuch, ze fannen :) - normalerweis fänke ech beim Waasser un - dono kuerz bäi d'Salz a dann e wéineg virun der Dir raschten. Dann weider bäi meng Liblingsplaz beim Feier, dono an dat richtegt naasst Waasser eng zwou Ronnen dréinen an da nees an aller Rou dobanne mech erhuelen. Dat spruddelegt Waasser hun ech net esou gäre, vlait gi ech awwer nach dono d' Stäre kucke ...
Et ass also ganz einfach: do wou de Bidon hänkt sin ech dobanne an ëmgedreint.
Voilà de Programm, de RdV ass also dobanne! ab 9:30Auer, éischtens fir kee Gedirängels bäi der Keess an am Vestiaire ze hunn an och fir dat jidderee ka komme a goe wei et him am Beschten geet an sech och no senger Loscht a Laun ka dobanne beweege, och d'Schwämm ass accessible a ka benotzt gi.
Nach e puer praktesch Info'e: et ass Covid-Check (2G+ an der Keess oder am waisse Zeltviru der Dir, de Schnelltest musst dir selwer matbrenge an op der Plaz maache) fir eran, dobanne ass ouni Mask an och keng Limitatioun bäi Unzuel vu Leit an den eenzelen Sauna'ë. Et muss ee sech awer umelle (geet fréistens 1 Woch am viraus) op lesthermes.net; dat kascht och schonns 4€ an d'Plaze si och do limitéiert (60). Entrée ass 17,50€.
PS: Richtege Opgooss gëtt et och um 10:00 an um 11:30 an der Äerd.