E flotten Event an deem schéinen Iechternach, mat als Éieregaascht, dee wuel bekannteste Geocacher, deen deen Dag zu Iechternach optrëtt. Ech hun e Meet & greet ugefrot a krut och eng Zouso, an awer kann ëmmer eppes dertëscht kommen, zumol am Wanter. Et gëtt also keng Garantie ... mais soss kann dir jo nom Event seng Show kucke goen. Et get am Moment nach Tickets.
Mir treffen eis den 16. Januar 2020 um 18:00 Auer 'Beim Wohli'. Well d'Plaz begrenzt ass muss ech dësen Event leider op 30 Leit limitéieren. Schreift onbedingt an ärem 'will attend' zu wéi vill dass der kommt.
D'Logbuch ass sécher vun 18:00 bis 19:00 Auer do.