Skip to content

The Golden Lady - Virtual Reward Virtual Cache

Hidden : 8/24/2017
Difficulty:
1 out of 5
Terrain:
1 out of 5

Size: Size:   virtual (virtual)

Join now to view geocache location details. It's free!

Watch

How Geocaching Works

Please note Use of geocaching.com services is subject to the terms and conditions in our disclaimer.

Geocache Description:



The Golden Lady - Virtual Reward





Geschicht


De 14. Februar 1920 ass vun der Nationaler Denkmalkommissioun e Concours fir e Monument ausgeschriwwe ginn, dat un déi Lëtzebuerger Zaldoten, déi op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gestuerwe sinn, sollt erënneren. Ënner den 18 Projeten, déi agereecht goufen, gouf d'"Friddenskinnigin" (sou den Numm vum Entworf) vum Claus Cito zréckgehalen.[3] Finanzéiert gouf et deelweis duerch de Verkaf vun Timberen, déi eng Surtaxe kruten (Timbre du souvenir, 1921 an 1923). De Projet war zimlech kontroverséiert, well d'Figur mat hirem dënne Kleed, duerch dat hir Brëscht sech däitlech ofgezeechent hunn, deem engem oder aneren ze vill plakeg war. D'Monument gouf den 23. Mee 1923 opgeriicht an de 27. Mee ageweit. Den Nazien, déi nom Iwwerfall op Lëtzebuerg, den 10. Mee 1940, Här a Meeschter waren, war d'Monument vun Ufank un en Dar am A. Den 10. Oktober 1940 koum den Uerder, dat " Schandmal", ofzerappen, wat och den 21. Oktober geschouch. Mat enger Dampwalz gouf d'Sail ëmgerappt an ass an 3 Stécker zerbascht[4]. D'Sockelfigure goufe séchergestallt, d'Steng koumen op en Depot vun der Stad. E puer honnert Studenten aus dem Kolléisch, dee just vis-à-vis war, hunn nogekuckt an haart géint d'Ofrappe protestéiert. Vill vun hinne goufe verhaft a brutal vun der Gestapo zerklappt. Nom Krich huet den Architekt Victor Engels Pläng entworf, d'Monument erëm opzeriichten, mä ouni d'Gëlle Fra selwer. Dës ass zwar 1955 kuerz (zimlech delabréiert) an enger Ausstellung iwwer d'Resistenz opgedaucht, ma nom Enn vun der Ausstellung, zum Cito sengem Verdross, nees "verschwonnen", wat déi, déi am Ufank dogéint waren, wuel ganz gutt arrangéiert huet. Duerch d'Net-méi-do-Sinn vun der Gëlle Fra krut d'Monument (oder wat dovu Rescht war) eng nei Dimensioun. Et huet vun do un och, a virun allem, un d'Nazidiktatur erënnert. Spéider koume Placke bäi, déi un d'Lëtzebuerger fräiwëlleg Zaldoten am Koreakrich erënnert hunn, wat zu enger politescher Kontrovers mat de Kommuniste gefouert huet. 1981, virum Nationalfeierdag, huet de Josy Braun an engem Artikel am Tageblatt ugekënnegt, d'Gëlle Fra wier ënner den ënneschten Träppleke vun enger vun den Tribüne vum Stater Foussballsterrain (dem haitege Stade Josy-Barthel) erëmfonnt ginn. Et huet sech erausgestallt, datt eng Partie Leit wuel woussten, wou d'Statu verstoppt war, mä et Tabu war, driwwer ze schwätzen. No der Erëm-Entdeckung koum et zu heftegen Diskussiounen, ob d'Monument nees a sengem Originalzoustand opgeriicht sollt ginn oder net. Déi, déi dofir waren hu sech duerchgesat, an et koum zu enger nationaler Souscriptioun, wou Sue gesammelt goufen, fir d'Figur vun der gëllener Fra ze restauréieren an erëm op hirem Sockel opzeriichten. Dat restauréiert Monument ass den 23. Juni 1985 ageweit ginn.

D'Konditioun fir d’Loggen


  • Maach eng Foto vun der Gëlle Fra wou een Dech oder Däi GPS/Smartphone drop gesäit a setz dës mat an Däi Log

  • Ziel Kränz um Gelänner a schéck eis Unzuel a Log de Cache       
    Wann äntwert Falsch ass gëtt de Log geläscht an Dir kritt bescheet gesoot  





    Englisch

    History


    During the First World War, Luxembourg pledged itself to neutrality, but was occupied by Germany, which justified its actions by citing military necessity. However, most Luxembourgers did not believe Germany's good intentions, fearing that Germany would annex their country in the event of a German victory; these claims were substantiated by Bethmann Hollweg's Septemberprogramm. Although Luxembourgers left under German occupation at home could do little to aid the Allies, those overseas, outside Germany's control, could volunteer to serve against Germany. In total, 3,700 Luxembourgian nationals served in the French army, of whom, 2,000 died. As Luxembourg's pre-war population was only 266,000, this death toll amounted to more than 1% of the entire national population, which is a relatively greater percentage than many combatant nations (see: World War I casualties). The monument aroused public controversy at the time it was proposed and installed. Opposition had come from the conservative Catholic majority of citizens, and at the inauguration ceremony Grand Duchess Charlotte and the Bishop of Luxembourg were absent.[6] When Luxembourg was occupied by Nazi forces in World War II, the Germans dismantled the memorial on 21 October 1940. Several portions of the memorial were rescued, and after the war, the monument was partially restored. The Gëlle Fra herself however remained unaccounted for until January 1980 when she was found hidden beneath the main stand of the national football stadium. Later additions were made to honor Luxembourger forces who had served in World War II and the Korean War. "Gëlle Fra" at Expo 2010, Shanghai The monument was not fully reconstructed and restored to its original design until 1984 and then finally unveiled to the public in the presence of Grand Duke Jean on 23 June 1985, Luxembourg's national holiday. The statue of the gilded lady was removed from the obelisk and exhibited at the entrance of the Luxembourg pavilion of the Expo 2010 world exhibition in Shanghai

    Logging task


    • Take a picture from the Golden Lady with your GPS/Smartphone or with You on the picture and upload the picture with your log

    • How many laurel wreath find you on the railing around the Goalden Lady and send us the correct number and Log the cach              
      Your Log will be deleted if you don't have the correct answer



      Virtual Reward - 2017/2018

      This Virtual Cache is part of a limited release of Virtuals created between August 24, 2017 and August 24, 2018. Only 4,000 cache owners were given the opportunity to hide a Virtual Cache. Learn more about Virtual Rewards on the Geocaching Blog.





Additional Hints (Decrypt)

/Ovyq ihz Xenam qrv Qve mvryr zhffg sve Rznvy nqerff / Cvpgherf bs gur ynhery jerngu gung lbh zhfg pbhag sbe gur rznvy nqerff

Decryption Key

A|B|C|D|E|F|G|H|I|J|K|L|M
-------------------------
N|O|P|Q|R|S|T|U|V|W|X|Y|Z

(letter above equals below, and vice versa)