Wat als Schnapsiddi ugefaang huet, gëtt elo batteren Eescht...
Vrun e puer Méint hat ech d'Propose an de Raum gestallt, e Geocaching-Event am Proufsall vu ménger Band ze maachen. Dat war awer éischter als Witz geduet. Nodeems ech elo awer vun e puer Leit ugeschwat gi sinn, wéini ech dat da géif maachen, hunn ech mat de Bandmembere diskutéiert, an déi sinn domat averstan. Also, firwat net? ...
Programm:
Rendez-vous ass vrun der Dier vum Centre Culturel, um 20:30 kommen ech d'Dier opmaachen. Et ass e Badge op der Dier, wien ze spéit kënnt, kënne mer leider net méi eraloossen, well mer dee net méi héieren oder gesin ;)
20:30 - 21:30: Mär spillen eise Programm duerch. Fir Ourestëpp ass gesuergt.
21:30 - 22:00: Aschreiwen an d'Logbuch, TB-exchange, Autogrammer???
Wien dono nach Zäit a Loscht huet, ka bei d'Nopesch mat een drénke goen, mär maachen dat op jidde Fall.
Dat ganzt ass natierlech gratis!!!
Also, avis aux amateurs...